
Et ass nogewisen, datt schonn d’Réimer Wäin op der Musel produzéiert hunn. De Wäibau gëtt zu Lëtzebuerg laanscht d’Musel, op enger Streck vun 42 km, vu Schengen bis Waasserbëlleg, an och zu Rouspert op der Sauer praktizéiert. Vun de bebaute Fläche si 26 % mat Rivaner-, jee 15 % mat Auxerrois- a Pinot-gris-, jee 12 % mat Riesling- a Pinot-blanc-Riewen a schliisslech 9 % mat Pinot-noir-Riewen ugeplanzt, a 7 % mat Elbling. Donieft gëtt och nach Gewürztraminer a Chardonnay ugebaut, alle béid leie se ënner 2 % vun der Ubaufläch. Rezent sinn och Versich mat neien, ontraditionelle Riefzorten op der Musel gemaach ginn.
Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.