Ëm wat geet et ? Lektiounen Wousst Dir schonn ? Follegt eis

Vum Siggy bis bei d’City

Full Image

D’Bande dessinée « Vum Siggy bis bei d’City » hunn d’Kënschtler Lucien Czuga a Roger Leiner fir d’Stad Lëtzebuerg entworf a geschriwwen. Mat der Famill Molitor erliewe mer verschidden historesch Episoden aus der Geschicht vun der Stad, awer och e puer kokass Situatiounen, déi fräi erfonnt sinn.

 

Info:

Bestellt d’Bande dessinée bei der Stad Lëtzebuerg. Roger Leiner, Lucien Czuga, Vum Siggy bis bei d’City. L’histoire de la ville de Luxembourg en B.D. (Ville de Luxembourg & De Verlaach) Luxembourg 2015, ISBN 978-9-995991-07-4, 63 pages, 15 €

City Promenade for Kids (Kanner)

En Tour duerch d’Stad a Begleedung vum Grof Siegfried an der Melusina.

Dës spannend Visitt vun der Stad fir Kanner vu 6 Joer mat hiren Eltere féiert Iech kräiz a queesch duerch d’Alstad a léiert Iech d’Melusina méi no kennen. Iwwert d’Spille léiert een esou eng faszinant Geschicht. Wann een de Code vun der Visitt knackt, kritt een eng Belounung. Um Pirateschëff am Stater Park kann d’Spill weidergoen.

Reservéiert beim LCTO

Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.