D’Originne vun der Schueberfouer ginn zeréck bis an d’Mëttelalter. Den 20. Oktober 1340 huet de Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, e Joermaart gegrënnt. Den Numm vun der Fouer gouf ofgeleet vun der Plaz “Schuedbuerg”. Dës Plaz war fréier um Helleg-Geescht-Plateau, wou de Joermaart an den éischte Joerhonnerten no senger Grënnung stattfonnt huet. Am Laf vum 19. Joerhonnert koum et zu engem Wandel. Den Handel mam Véi a mat Wueren ass an den Hannergrond getrueden. Danz- a Schaubuden, Päerderchersspiller a Schéissbuden, Klunschelmaschinnen an Attraktiounen hunn ëmmer méi Plaz ageholl. D’Schueberfouer ass e Maart ginn, fir sech ze ameséieren.
Hautdesdaags begeeschtert d’Schueberfouer alljoers tëschent Enn August an uganks September bannent 20 Deeg ronn 2 Millioune Visiteuren.
Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.