Ëm wat geet et ? Lektiounen Wousst Dir schonn ? Follegt eis

Rieslingspaschtéit

Full Image

D’Rieslingspaschtéit ass en typesche Stater Produit. 1928 hat den Traiteur Pierre Kaempff dës Paschtéit erfonnt, déi haut op kenger offizieller Receptioun am Land oder Ausland feelt. Wéi sou dacks, war dëst mam Zoufall verbonnen. De Pierre Kaempff war e Frënd vum Hilaire Weyrich aus der Rieslingsgemeng Wuermer. Zesummen hu si sech an engem Frëndeskrees mat enger Rei Lëtzebuerger Perséinlechkeete getraff, an hinnen als Surprise eng Rieslingspaschtéit matbruecht. De Succès war grouss, den Hilaire Weyrich huet d’Rieslingspaschtéit a sengem Bistro « Chez Hilaire / Eck place Clairefontaine- rue de l’Eau) offréiert, de Pierre Kaempff huet se a sengem Geschäft verkaf. D’Rieslingspaschtéit gouf e Stéck Lëtzebuerger Identitéit. Ze schmaachen an ze kafen an all Pâtisserie.

Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.