D’Geschicht vun de Péitruss-Kasematte féiert op déi Zäit zeréck, wou 1673 d’spuenesch Herrscher déi mëttelalterlech Festungswierker moderniséiert hunn a Bastioune gebaut hunn. D’Constitutiounsplaz ass um fréiere Bastion Beck amenagéiert. De grousse Festungsingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban huet dem Bastion Beck säin definitiivt Ausgesi ginn. 1746 hunn déi éisträichesch Herrscher d’Kasematten ugeluecht, wéi mer se haut kennen. Zanter 1867 ass d’Place de la Constitution eng wichteg Plaz an der Stad. Reservéiert Ären Ticket beim Luxembourg City Tourist Office.
Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.