Ëm wat geet et ? Lektiounen Wousst Dir schonn ? Follegt eis

Melusina

Full Image

D’Melusina war d’Fra vum Grof Siegfried, dee Lëtzebuerg gegrënnt huet. D’Melusina huet de Grof Siegfried gefrot, fir samschdes mueres ëmmer eleng ze sinn. Well hien awer alles wollt iwwert seng Fra wëssen, huet hie samschdes duerch d’Schlëssellach geluusst, fir ze kucken, wat si géif maachen. Hien huet dobäi entdeckt, datt si sech an eng Nixe verwandelt hat an an enger Bidde souz. E Kreesch ass him dobäi entfuer, an d’Melusina, wéi si dat gemierkt huet, ass an d’Uelzecht gesprongen. Dofir: An enger Relatioun soll een deem anere seng kleng Geheimnisser respektéieren.

 

Informatioun:

 

City Promenade for Kids (Kanner)

 

En Tour duerch d’Stad a Begleedung vum Grof Siegfried an der Melusina.

Dës spannend Visitt vun der Stad fir Kanner vu 6 Joer mat hiren Eltere féiert Iech kräiz a queesch duerch d’Alstad a léiert Iech d’Melusina méi no kennen. Iwwert d’Spille léiert een esou eng faszinant Geschicht. Wann een de Code vun der Visitt knackt, kritt een eng Belounung. Um Pirateschëff am Stater Park kann d’Spill weidergoen.

Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.