
Geet een op d’Fouer oder op den Oktavmäertchen, dann ësst een e gebake Fësch! De frittéierte Fësch gëtt et eréischt zanter der zweeter Hallschent vum XIX. Joerhonnert an England. Et wor deemools e populäre Plat fir Leit, déi manuell schwéier geschafft hunn. Zanter op d’mannst 1883 gehéiert de gebake Fësch zum Menü, deen een op der Fouer ësst. An där Zäit koumen d’Kaarpen aus Lëtzebuerger Ziichtereien, déi d’Restaurateure beliwwert hunn. Eng Kiermesdrëpp an eng Kiermeszigar an e Stéck Kiermeskuch hunn dacks dem gesellege Matenaner e flotten Ofschloss bereet.
Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.