Ëm wat geet et ? Lektiounen Wousst Dir schonn ? Follegt eis

D’Corniche

Full Image

D’Corniche ass e Fousswee vu 550 Meter, dee vum Nationalarchiv bis zu den 3 Tierm féiert. De Wee geet iwwert déi fréier Remparte vun der Festung an deelt d’Stad an d’Uewerstad an Ënnerstied an. Hei erkenne mer déi historesch Stadlandschaft mat hire Koppen, Däller, Fielsen, Waasser a Bëscher, mat hire Festungsanlagen aus verschiddene Joerhonnerten, hiren Haiserzeilen aus dem 17. Joerhonnert, der Méchelskierch (987), de Kasären op der Rumm (1685) an dem Bockfiels, op deem 963 de Grof Siegfried seng Buerg gebaut huet. Et war dat den Ufank vu Lëtzebuerg.

Les textes sont rédigés en luxembourgeois, par Monsieur Dr. Robert L. Philippart (UNESCO Site Manager) et relu par le ZLS.