Ëm wat geet et ? Lektiounen Wousst Dir schonn ? Follegt eis

Wat ass et?

E-Learning

Mme Lydie Polfer
Bourgmestre de la Ville de Luxembourg

Am Joer 2022 huet d’Stad Lëtzebuerg 132.778 Awunner an 167 verschidden Nationalitéite gezielt. Mat am Ganze 70,82% Net-Lëtzebuerger gehéiert déi sproochlech Erausfuerderung deemno zum Alldag.

Fir den Austausch mat de Matbierger, de Clienten oder och de Partner ze verbesseren, sinn e Groussdeel vun de Professionellen aus der Groussregioun ëmmer erëm drun interesséiert, Lëtzebuergesch ze léieren. An deem Kontext huet en IT-Aarbechtsgrupp vum Reseau QuattroPole scho viru 15 Joer eng Léier-Plattform an d’Liewe geruff, déi als Pilotprojet an der Stad Lëtzebuerg ëmgesat gouf. Wärend eiser Presidence vu QuattroPole, vun 2020 bis 2022, gouf dunn eng Refonte vun dëser Plattform virgeholl, fir d’Interface an och d’Léiere vun der Sprooch ze verbesseren.

Als Buergermeeschtsch vun der Stad Lëtzebuerg sinn ech elo immens houfreg, déi nei Editioun vum Internetsite elearning.lu, dee vun eiser Haaptstad geleet a vun all den anere Quattropole Member-Stied ënnerstëtzt gëtt, kënnen ze annoncéieren.

Déi spilleresch Approche, an och déi sëllege Videoen, erlaben et jidderengem, dee Lëtzebuergesch wëll léieren a seng Chancen um Aarbechtsmaart wëll verbesseren, sech innerhalb vu ganz kuerzer Zäit am Alldag kënnen ze verstännegen.

Ech wënschen Iech vill Freed beim Entdecke vum elearning.lu.

Ech si ganz houfreg de Start vun der Websäit elearning.lu matzedeelen.

D'Lektioune gi vum Dr. Robert L. Philippart (Site Manager UNESCO) op Lëtzebuergesch geschriwwen a vum ZLS kontrolléiert.

Am Tourist Office

1

Am Restaurant

2

An der Pâtisserie

3

Am Vëlosbuttek

4

Am Bicherbuttek

5

Lektioune

Melusina

Eng Stad fir Vëloen

Gewënner beim Tour de France

All Neiegkeeten

Wousst dir schon?

Sproochetools

Praktesch Linken

De Projet gëtt realiséiert vun der

mat der Ënnerstëtzung vun